FR DE

Recherche

Type:


Projet dont l'offerte fait partie:


Nom de la salle / du lieu:


Champs d'action (max.: 4):


Âge:


Mots-clés:


Rechercher

Journal de bord


Op Besuch an der Spillschoul

Offre pédagogique

03.12.2019 - 03.12.2019
publié par yasmine schonkert
visible au public


Am Kader vun den iwwergräifenden Gruppenaktivitéiten déi all éischt Woch am Mount ustinn, war et des Kéier un eisem Tour bis op Besuch an d'Spillschoul ze goen.
Zemools vir eis méi kleng ass dat eng wichteg Aktivitéit an Méiglechkeet d'Personal vun der Spillschoul mee och d'Kanner besser kennen ze leieren well mer jo an den Vakanzen ëmmer beieneen sinn an si dat neit Schouljoer selwer dohinner goen wäerten.

An deenen leschten Joren ass opgefall dass d'Kanner sech oft schwéier gedoen hunn vir den Wiessel an d'Spillschoul an genau dëst soll hinnen domat erliichtert ginn.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Yasmine Schonckert
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
4-6 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- D'Kanner, d'Gebailechkeeten an d'Educateuren vun der Spillschoul nach besser kennen ze leieren

- Als Méiglechkeet huelen d'Transitioun vir an d'Spillschoul dono méi einfach ze maachen

Partenaire(s) de coopération Autres
Autres partenaires Spillschoul
Nombre d'enfants 8
Projet dont l'offerte fait partie Transitiounen
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Inclusion




Kapla

Offre pédagogique

28.11.2019 - 28.11.2019
publié par Nadia Sandini
visible au public


Ech hunn den Kanner erkläert wat mir maachen géingen an hunn se dunn gefrot wien mat maachen wéilt. Vun den 8 Kanner wollten da 7 matmaachen.

Mir hunn eis dunn gemeinsam an den Baueck gesat an den Kapla raus geholl. Ech hunn den Kanner Propos gemaach eppes groussen zesummen hierzestellen mee déi meescht Kanner wollten fir sech Bauen. Sou dat een eng Strooss gemaach huet, een aner huet probéiert een Haus ze bauen an zwee Kanner hunn mat mir zesummen een Tuerm gebaut. Jiddereen huet eppes fonnt fir ze maachen an war fir een kuerzen Moment beschäftegt seng Iddi ëmzesetzen.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Kreativ Gestallten

- Selwer eppes bauen

- Gemeinsam eppes maachen

- Deem anert säin Wierk respektéieren

Nombre d'enfants 7
Champs d'action (max.: 4) Créativité, art et esthétique
Sciences et techniques




Wanterfest an der Maison Relais

Offre pédagogique

22.11.2019 - 22.11.2019
publié par yasmine schonkert
visible au public


Den 22 November war et esou weit! D'Maison Relais huet ob hiert Wanterfest agelueden. Am Virfeld waren Invitatiounen un d'Elteren an d'Léierpersonal erausgaangen.

Vill Umeldungen hunn mir kritt an deementspriechend waren och vill Elteren mat hiren Kanner laanscht komm. D'Méiglechkeet e Kuch Kichelcher oder eng Schneekerei matzebréngen war den Elteren frei iwwerlooss - sou dass dono vir jiddereen eppes dobäi war. Un Iessen an Gedrénks huet et also net gefeelt. Do derniewent hunn mer 2 Atelieren proposéiert wou d'Elteren mat hiren Kanner zesummen konnten Chrëschtdekoratioun bastelen (e Stär vir un den Beemchen an eng flott Dekoratioun). Dësen Atelier war wärend der ganzer Zäit gutt besicht.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) D'Equipe vun der Maison Relais
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- En flotten Nomëtteg mat den Elteren an den Kanner verbréngen

- Zäit vir méiglechen Austausch

- Elterenaarbecht promouvéieren

Partenaire(s) de coopération Parent(s)
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Créativité, art et esthétique




Den Cycle 3 & 4 bei ons op Besuch

Offre pédagogique

21.11.2019 - 21.11.2019
publié par yasmine schonkert
visible au public


Den Cycle 3 & 4 huet spontan decidéiert op Besuch ze kommen an eng Aktivitéit mat ons ze maachen. Doriwwer hunn mir ons natierlech immens gefreet. D'Kanner haten d'Méiglechkeet un 2 verschidden Atelieren deel ze huelen.
Déi 2 Atelieren haten Succès bei den Kanner an se hunn ganz begeeschtert matgemaach.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Yasmine Schonckert
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
8-10 ans
10+ ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Eng flott Zäit mat aneren Gruppen an verschiddenen Alterskategorien verbréngen

- Versteesdemech tëschen kleng an grouss erléieren, kennen opweisen

- D'Kreativitéit fuerderen an freien Laf loossen

Partenaire(s) de coopération Autres
Autres partenaires Cycle 3 & 4
Nombre d'enfants 14
Projet dont l'offerte fait partie Transitiounen
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Créativité, art et esthétique




Mir bastelen Rendéier

Offre pédagogique

21.11.2019 - 21.11.2019
publié par Nadia Sandini
visible au public


Ech hunn am Virfeld Material wat gebraucht gouf preparéiert an den Kanner dunn erkläert dat ma Rendéieren bastelen géingen well ma jo schonn Kleesercher gemaach hätten an déi bräichten dann jo och e puer Rendéier.

All Kand huet een Pabeiersteller an een Pinsel kritt an Faarf war ob dréi Teller verdeelt gi wou Kanner dunn hunn missen deelen an heiansdo och missen e bëssi waarden bis hiren Tour drun war. Sie hunn den ganzen Teller, deen den Kap vun Rendéier sollt gi, missen an enger Faarf molen.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Eisen Sall no Saison dekoréieren

- Deelen an waarden leieren

Nombre d'enfants 10
Champs d'action (max.: 4) Valeurs, participation et démocratie
Créativité, art et esthétique




Yoga

Offre pédagogique

14.11.2019 - 14.11.2019
publié par Nadia Sandini
visible au public


Ech hunn den Kanner als eicht gesot dat ma Yoga maachen géingen an hinnen och direkt erkläert dat ma dat an dréi Deeler maachen: eng Aféierung, een Spill, an dann eng Gesicht an der Asanas mat agebonne sinn.

Ech hunn dunn Kanner gefrot ob si schonn wéisten wat Yoga wier an gläich e puer Kanner wossten eppes mam Begref unzefänken an konnten et och op Hand vun weisen erkläert.

Mir hunn dunn och direkt ugefaange mat da Aféierung; dem Sonnengruss den ma mat hëllef vun engem Litt gemaach hunn wou Kanner och gutt an konzentréiert mat gemaach hunn an sech beméit hunn Beweegungen nozemaachen.

No da Aféierung sinn ma dunn ob Spill komm wou ech hinne dunn erkläert hunn em wat et geet. Si hunn missen duerch den Sall goen an wann ech "Feier" geruff hunn hunn ma eis all ob den Bauch geluecht. Bei "Waasser" hunn ma eis all ob den Teppech gestallt an bei "Blëtz" hunn mir eis all ob den Buedem gesat. No da Erklärung ass et dunn och direkt lass gaange an Kanner haten ganz séier verstane wei et goen géing an hunn begeeschtert mat gemaach bis dat se ausser otem waren.

Ech hunn den Kanner nom Spill e bëssi zéit gelooss fir rëm Loft ze kréien an sinn dunn weider ob den Haaptdeel iwwer gaange, Geschicht mat den eenzelen Yoga Beweegungen.

An deem ech den Kanner Geschicht gezielt hunn vun den "Kickelzwergen" an déi eenzel Asanas déi an da Geschicht virkoumen, virgemaach hunn, haten Kanner keen Problem dem ganzen ze folgen an hunn och gutt gelauschtert an och Beweegungen ganz gutt matgemaach.

Wéi et drëms gaangen ass fir sech nach e bëssi ze entspanen, den Schluss vun da Geschicht, waren Kanner dann awer nach ze vill un den Yoga Beweegungen interesséiert an wollten vum sech hin leen net vill wëssen. Hunn se dunn gefrot ob se nach eppes aneschtes maachen wéilten an hunn se dunn och no hirem Wonsch no fräi spillen gelooss.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Spaass un da Beweegung

- Gläichgewiicht fërderen

- Kierperbewosstsinn

Nombre d'enfants 8
Champs d'action (max.: 4) Valeurs, participation et démocratie
Mouvement, conscience corporelle et santé




Elteren-Mëtteg wärend der Mëttesstonn an der Maison Relais

Offre pédagogique

14.11.2019 - 30.04.2020
publié par yasmine schonkert
visible au public


Vir den Elteren onsen Alldag an der Maison Relais méi no ze leen, hunn mir ons als Equipe vun der Maison Relais iwwerluecht vir d'Elteren vun den Kanner mat anzebannen andeems se sech kennen Dënschdes oder Donneschdes aschreiwen vir eng Kéier bei ons iessen ze kommen, no Disponibilitéit an dëst natierlech ob fräiwëlleger Basis. D'Datumer sinn am Elteren Info-Eck opgehaangen gi an d'Elteren goufen doriwwer informéiert. Sou konnten d'Elteren sech Zäit huelen vir ze gesinn wei et an enger Mëttesstonn bei ons ofleeft an wat alles sou um Programm steet. D'Lescht vir sech unzemellen war och schnell ausgefëllt sou dass jeeweils 1-2 Elterendeeler bei ons op Besuch waren.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) D'Equipe vun der Maison Relais
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Den Elteren en Abléck an den Alldaag vun enger Mëttesstonn an der Maison Relais ze erméiglechen

- En flotten Moment zesummen mat den Elteren an den Kanner verbréngen

- Den Kontakt mat den Elteren fleegen

Partenaire(s) de coopération Parent(s)
Champs d'action (max.: 4) Valeurs, participation et démocratie
Inclusion




Mir ginn op d'Kiermes!

Offre pédagogique

12.11.2019 - 12.11.2019
publié par yasmine schonkert
visible au public


D'Kanner haten d'Méiglechkeet 2 mol op d'Karussell ze goen. Se woussten genau ob weien Motiv se sech wéilten setzen an waren begeeschtert - eleng well et eppes ass wat een net all Dag erlieft.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Yasmine Schonckert
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Mir verbréngen en flotten Mëtteg an enger klenger Gruppe

- Spill an Spaass steet un éischter Stell!

Nombre d'enfants 9
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie




Op Besuch beim Cycle 2

Offre pédagogique

05.11.2019 - 05.11.2019
publié par yasmine schonkert
visible au public


All éischt Woch am Mount stinn iwwergräifend Gruppenaktivitéiten um Programm. Dat heescht an der Praxis dass sech reegelméisseg déi verschidden Gruppen treffen, entweder zu Ollem an der Precoce, zu Kielen an der Spillschoul oder zu Kielen beim Cycle 2-4 vir eppes mateneen ze ënnerhuelen. An éischter Phase sollen d'Kanner sech vir d'éischt mol kenne léieren an dono kennen dann nach Aktivitéiten niewebäi proposéiert ginn.

Des Kéier war et um Precoce vir bei den Cycle 2 op Besuch ze goen. D'Kanner aus dem Precoce waren ganz gespaant wou et dann géing hin goen an d'Virfreed war grouss!



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Yasmine Schonckert
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
6-8 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Déi méi grouss Kanner kenneléieren

- D'Personal an d'Raimlechkeeten vum Cycle 2 kenneléieren

Partenaire(s) de coopération Autres
Autres partenaires Cycle 2
Nombre d'enfants 8
Projet dont l'offerte fait partie Transitiounen
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie




Transitiounen

Projet pédagogique

05.11.2019 - 28.08.2020
publié par yasmine schonkert
visible au public


Bei den Transitiounen geet et virun allem drëms den Kanner den Iwwergang vun engem Gruppe bezéiungsweis engem Cycle an deen aneren ze vereinfachen.
An der Vergaangenheet ass opgefall dass d'Kanner sech do heiansdo immens schwéier gedoen hunn well se dann d'Personal an/oder d'Gebailechkeeten net kannt hunn an virum Iwwergang keng Méiglechkeet do war, sech dodrunner ze gewinnen.

Mëttlerweil fannen gruppen-iwwergräifend Aktivitéiten statt. Dat heescht d'Kanner vum Precoce, der Spillschoul an dem Cycle 2-4 hunn d'Méiglechkeet sech 1 mol am Mount ënnerteneen ze gesinn an eppes mateneen ze ënnerhuelen. Am Virfeld gëtt sech dann ofgeschwat wien bei wiem ass an an wéi engen Gebailechkeeten sech getraff gëtt.
Sou hunn d'Kanner d'Méiglechkeeten d'Personal an d'Raimlechkeeten kennen ze leieren an dëst net nëmmen eng Kéier mee an reegelméissegen Ofstänn.

An den Vakanzen ass den Precoce och ëmmer mat der Spillschoul zesummen zu Kielen. Dëst soll den Kanner och den Iwwergang vun der Precoce an d'Spillschoul vir déi nächst Rentrée vereinfachen.



» Détails
Type Projet pédagogique
Responsable(s) Yasmine Schonckert & Nadia Sandini
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
4-6 ans
6-8 ans
8-10 ans
10+ ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- D'Personal an d'Raimlechkeeten vun aneren Gruppen besser kennen leieren, vir dono och ob laang Siicht den Iwwergang vun engem Gruppe an deen aneren ze vereinfachen

- De Kanner d'Méiglechkeeten gi sech mat aneren Kanner vun verschiddenen Altersklassen ausernaner ze setzen

- Gemeinsam flott Momenter ze iwwerliewen

Partenaire(s) de coopération Autres
Autres partenaires Cycle 1-4
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Inclusion




first next last previous