FR DE

Recherche

Type:


Projet dont l'offerte fait partie:


Nom de la salle / du lieu:


Champs d'action (max.: 4):


Âge:


Mots-clés:


Rechercher

Journal de bord


Kniet-Seef selwer hierstellen

Offre pédagogique

25.05.2020 - 29.05.2020
publié par yasmine schonkert
visible au public


Virun der Reouverture hunn mir zesummen festgehalen des Aktivitéit als gruppen-iwwergräifend Aktivitéit ze proposéieren. Dat heescht vum Cycle 1 bis den Cycle 4 konnten d'Kanner hier eegen Seef selwer hierstellen.

Mir wollten d'Kanner domat nach eng Kéier sensibiliséieren, wei wichteg et ass, zemools an dëser Zäit vum Virus, d'Hänn reegelméisseg ze wäschen. D'Kanner hunn d'Saachen (Seef, Ueleg, "Speisestärke" an Liewensmëttelfaarf) all zesummen an engem Dëppchen gemëscht an konnten sech dunn nach eng Faarf eraussichen. D'Seef huet dunn wärend enger Nuecht missten haart ginn.

Den Dag dono hunn mer dunn d'Hänn domat gewäsch. Dank der Faarf huet een gutt erkannt wou een d'Hänn schonn ageseeft hat a wou nach net. Des Aktivitéit war natierlech ganz praktesch fir nach eng Kéier richteg Hännwäschen ze üben.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Yasmine Schonckert & Nicole Baus & Nadia Sandini
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Seef selwer hierstellen kennen

- Thema "Coronavirus" nach eng Kéier thematiséieren

- Drop opmierksam maachen, wei wichteg et ass d'Hänn oft ze wäschen

Champs d'action (max.: 4) Créativité, art et esthétique
Mouvement, conscience corporelle et santé




Ouschterkaffi an der Maison Relais

Offre pédagogique

03.04.2020 - 03.04.2020
publié par yasmine schonkert
visible au public


Well den Ouschterkaffi och schonn d'lescht Joer en vollen Succès war, wollten mir eis Elteren och dëst Joer nees op e flotte Mëtteg an d'Maison Relais invitéieren. Invitatiounen sinn vir d'Elteren an d'Leierpersonal virbereet gi an mir hunn eis an der Equipe Gedanken iwwer e méiglechen Animatiounsprogramm gemaach.

Et sollten 2 Atelieren stattfannen, wou d'Elteren zesummen mat hiren Kanner Ouschtereeër molen an en Ouschterhues bastelen konnten. D'Material ass vun der Equipe preparéiert ginn, esou wéi och eng Virlag an eng Uleedung.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) D'Equipe vun der Maison Relais
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- En flotten Nomëtteg mat den Elteren an den Kanner verbréngen

- Zäit vir méi Austausch erméiglechen

- Elterenaarbecht promouvéieren

- Aktiv Participatioun

Partenaire(s) de coopération Ecole(s) fondamentale(s)
Parent(s)
Champs d'action (max.: 4) Valeurs, participation et démocratie
Créativité, art et esthétique




Eng Klang- Geschicht

Offre pédagogique

10.03.2020 - 10.03.2020
publié par Nadia Sandini
visible au public


Ech hunn Kanner sech ob den Teppech setzen gelooss an hinnen gesot dat mir eng Klang-Geschicht géingen maachen. Ech hunn hinnen dunn erkläert wat dat ass an hinnen dunn och déi verschidden Museksinstrumenter gewisen an se ronderëm ginn sou dat jiddereen mol probéieren konnt. Dunn hunn ech erkläert dat an da Geschicht sech ëmmer verschidden Wierder widderhuelen an dat si dann dat entspriechend Instrument "spillen" mussen. 

Dunn sinn déi verschidden Instrumenter ob Kanner opgedeelt ginn an kruten nach eng kéier gesot bei wat fir engem Wuert wenn wat spillen muss. Wei dat gemaach war hunn ech se eng kéier üben gelooss andeems ech just déi verschidden Wierder sot an déi Kanner dann dat entspriechend Instrument "spillen" gelooss.

Wei Kanner dat sou weit verstanen haten hunn ech ugefaange Geschicht ze zielen.

No da Geschicht konnten Kanner och nach eng kéier sech all Instrumenter ukucken an ausprobéieren bis se keng Loscht méi haten an dunn ass zesummen ageraumt ginn.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Nolauschteren

- Säin Tour ofwaarden

- Verschidden Museksinstrumenter kenneléieren

- Éischten Kontakt mat Museksinstrumenter

Nombre d'enfants 9
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie




Beweegungsspiller am Turnen

Offre pédagogique

03.03.2020 - 03.03.2020
publié par Nadia Sandini
visible au public


Ech hunn Kanner an den Gang geruff an hunn dunn och direkt ugefaangen Hittercher opzestellen déi ech gebraucht hunn fir eis Spiller.

Wei Kanner all do waren, hunn ech hinnen gesot dat ma Spiller maachen wei Slalom lafen, hopsen an och lafen etc. Fir eis e bëssi waarm ze maachen hunn Kanner däerften déi eng Seid vun den Hittercher däerfen erof lafen an déi aner Seid erop. Wei se dat e puer mol gemaach haten, hunn se sech an enger Rei missen opstellen. Dunn hunn se missen Slalom ronderëm Hittercher lafen. Bei der éischter Ronn sot et den Kanner dat se erof lafen däerfen an ënnen mussen stoen bleiwen. Ab da zweeter Ronn hunn ech all Kand eenzel geruff well déi eng méi séier waren wei déi aner. Wei mir mam Slalom lafen fäerdeg waren, hunn ech den Kanner erkläert dat ma lo déi selwecht streck erof hopsen an zwar tëscht den Hittercher. Eemol sprangen ass den Hittchen tëscht den Féiss nach eng kéier sprangen steet een tëscht zwee Hittercher.

Déi lëscht Ronn hunn Kanner déi selwecht Streck op allen Véier an mam Hënner erop missen bewältegen.

 



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

-Motorik fërderen

-Koordinatioun fërderen

-Spaass un da Beweegung fërderen

-Säin eegenen Kierper wouer huelen

Nombre d'enfants 9
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Mouvement, conscience corporelle et santé




Mir bastelen een Schléck

Offre pédagogique

25.02.2020 - 25.02.2020
publié par Nadia Sandini
visible au public


Ech hunn als éischt alles preparéiert wat ech fir des Aktivitéit bräicht, wei Schéieren, Päsch, Faarwen an den "Playmais".

Dunn hunn ech Kanner all bei den Dësch geruff an se sech setzen gelooss. Dunn hunn ech hinnen gesot dat mir een Schléck géingen bastelen, als als eicht all Deeler rausschneiden, een Deel mat den Faarwen (Bläistëft oder Tusch) molen, dono alles zesummen pechen an dann dem Schléck säin Haus mat "Playmais" verschéineren.

Beim rausschneiden sot ech den Kanner dat se déi eenzel Deeler beieneen leen sollen fir dat se se net verléieren. Dunn sot ech hinnen dat se dem Schléck säin Kierper däerfen faarweg molen sou wei se wëllen. Entweder mat Tusch Faarwen oder mat Bläistëftsfaarwen. Wei se domadder fäerdeg waren hunn ech hinnen gehollef alles zesummen ze pechen. Wei alles zesummen war hunn ech den Kanner eng naass Lomp ginn an den "Playmais" an hinnen erkläert dat se den "Playmais" virdrun ëmmer als eicht mussen op déi naass Lomp tuppen an en dann eréischt ob dem Schléck säin Haus drécken fir dat en hält.

 



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

-Feinmotorik fërderen

-Selwer eppes Schéines maachen

-Sech ob eppes konzentréieren

Nombre d'enfants 11
Champs d'action (max.: 4) Valeurs, participation et démocratie
Créativité, art et esthétique




Fuesspiller

Offre pédagogique

18.02.2020 - 18.02.2020
publié par Nadia Sandini
visible au public


Ech hunn Kanner all zesummen an Sportshal geruff an hinnen gesot dat ma dréi Spiller maachen géingen. Dunn sot ech hinnen kuerz wat fir Spiller et wieren an dat ech Spill ëmmer erklären géing wann mir dann bei dem Spill ukomm sinn.

Fir dat eicht Spill hunn ech Kanner gefrot ob si mir hëllefen kéinten fir Spill ze preparéieren wou erop och direkt puer Kanner gehollef hunn. Dunn hunn ech hinnen erkläert dat et sou fonctionéieren géing wei bei "Eine Reise nach Jerusalem" just ouni Still mee dofir mat Hitt an Masken passend fir Fueszäit. Wann Musek aus gaangen ass hunn Kanner sech missen sou séier wei méiglech een Hutt oder eng Mask undoen an deen deen weder dat eent nach dat anert krut aus ausgescheet. Wan Musek erëm ugaange ass hunn Kanner hir Hitt an Masken rëm zeréck geluecht an ech hunn eppes ewech geholl.

Fir dat zweet Spill kennen ze starten huet als eicht missen Saachen vum éischten Spill missen wech geraumt ginn. Och hei hunn ech Kanner em Hëllef gefrot fir alles rëm op seng Platz ze stellen. Dunn hunn ech alles prett geluecht fir dat zweet Spill. Ech hunn dunn véier Hittercher opgestallt an zwee Fueskostümer mat Accessoiren prett geluecht an Kanner an zwou Gruppen agedeelt. Wei ma sou weit waren hunn ech den Kanner erkläert dat deen éischten an da Rei den Fueskostüm mat allem drun und dran misst undoen een Tour ronderëm Hittercher lafen bis zeréck bei seng Grupp an dann alles rëm ausdoen an dem nächsten ginn fir dat deen alles undoen kann an dann säin Tour lafen kann etc. Dobäi hunn ech hinnen och erkläert dat se hiren Teamkolleegen hëllefen däerfen fir den Kostüm aus an unzedoen.

Fir dat lescht Spill hunn ma dunn rëm alles wech geraumt an ech hunn dunn eng grouss Këscht wou een Clown's Gesicht drop gemoolt war opgestallt. Hunn Kanner dunn gefrot wat dann beim Clown feelen géingen. Dorops hin hunn ech den Kanner erkläert dat se dem Clown mat verbonnenen Aen Nues mussen oppechen.

 



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Precoce & Spillschoul
Âge 3-4 ans
4-6 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Nolauschteren

- sech un Reegelen halen

- engem aner hëllefen

- Toleranz fërderen

- Spaass hunn

Nombre d'enfants 12
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie




Kreesspiller

Offre pédagogique

13.02.2020 - 13.02.2020
publié par Nadia Sandini
visible au public


Ech hunn als eicht den Sall preparéiert wou Kreesspiller statt fannen sollten.

Dunn hunn ech Kanner geruff an hinnen erkläert dat ma Spiller also Kreesspiller maachen géingen. Ech hunn Kanner gefrot ob se wéisten wat dat wier an dunn hunn ma no da Erklärung och direkt ugefaange.

Erkläert hunn ech Spiller ëmmer ob Lëtzebuergesch an ob Franséisch. An Lidd dat ech lafen gelooss hunn bei "Eine Reise nach Jerusalem" war en Däitscht.

Mir hunn als eicht Spill "Eine Reise nach Jerusalem" gespillt, no e puer Ronnen hunn ma dunn "Muppi Muppi den Schank ass fort" gespillt an nodeems all Kand eng 4-5 mol den Mupp konnt sinn hunn ma nach "Ringli Ringli Rosen", "Hieschen an da Kailchen" & "Häschen in der Grube", "Zéiharmonika" an "Op da schéiner grénger Wiss" gespillt.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

-Opmierksamkeet fërderen

-Toleranz fërderen

-Nolauschteren an den Reegelen folgen

-Spilleresch den Kontakt mat méi Sproochen hunn

-Einfach Spaass hunn

 

Nombre d'enfants 7
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Langue, communication et médias




Sproochen Memory!

Offre pédagogique

11.02.2020 - 11.02.2020
publié par yasmine schonkert
visible au public


Als éischt hunn mer ugefaangen Memory no den bekannten Reegelen ze spillen. Dat heescht d'Kanner mussen der Rei no 2 der selwechter Kaarten fannen. Nodeems se des dann fonnt hunn, hunn mer zesummen probéiert ze beschreiwen wat mer op deenen Kaarten gesinn hunn, dëst ob Lëtzebuergesch an op Franséisch.
An éischter Linn ass et natierlech drëms gaangen déi passend Kaarten ze fannen mee och den Wuertschatz vun den Kanner ze erweideren. Nodeems dunn nees en Tour fäerdeg war, hunn mer dunn och all zesummen ons Kaarten op deenen 2 Sproochen gezielt.
Zum Schluss sinn mer dunn nach op Wonsch vun den Kanner e puer nei Kaarten duerchgaangen déi mer net vir d'Spill selwer benotzt haten mee och nom selwechten Prinzip dat ze beschreiwen wat mer gesinn.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Yasmine Schonckert
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Kognitiv Prozesser fuerderen

- Konzentratioun an Gedold fuerderen

- Ob eng spilleresch Aart a Weis de Kanner d'Lëtzebuergesch an d'Franséisch méi no bréngen

- Gruppendynamik stäerken

Nombre d'enfants 6
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Education plurilingue




Ernierungspyramid

Offre pédagogique

04.02.2020 - 04.02.2020
publié par Nadia Sandini
visible au public


Ech hunn am Virfeld Ernierungspyramid preparéiert. Dat heescht ech hunn eng Pyramid gemaach mat 6 Ënnerdeelungen an dat ganzt plastifizéiert.

Dunn hunn ech passend Biller gesicht déi ob des Pyramid gehéieren, also vun all Kategorie :

Genossmëttel / Séissegkeeten

Fetter / Ueleg / Nëss

Mëllechprodukter / Fleesch / Fësch

Brout / Nuddelen / Gromperen / Kären

Uebst / Geméis

Gedrénks

an hunn dunn des Biller och plastifizéiert.

Dat hunn ech prett ob den Dësch geluecht zesummen mat Ritsch Ratsch fir Biller un da Pyramid fest ze maachen.

Kanner kruten dunn erkläert wat ma maachen géingen an hunn dunn och schonns vill froen gestallt déi ma mat den Kanner zesummen beäntwert hunn an hunn dunn Biller eng Kategorie no der anerer ob Pyramid gepecht. Hei bei konnten Kanner den Ritsch Ratsch un Biller maachen an se dunn un Pyramid maachen.

Mir hunn an da Aktivitéit selwer wei ma déi verschidden Liewensmëttel gesicht an ageuerdent hunn se och ob zwou Sproochen benannt. Ee mol ob Lëtzebuergesches an eemol ob Franséisch.



 



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

-Liewensmëttel kennen leieren

-Wat ass gesond an wat net

-Wat däerf oder soll ech vill zou ma huelen wat net

-Iwwer déi verschidden Liewensmëttel schwätzen

-Liewensmëttel ob Lëtzebuergesch an ob Franséisch benennen



 

Nombre d'enfants 5
Champs d'action (max.: 4) Mouvement, conscience corporelle et santé
Education plurilingue




Bak-Aktivitéit um Dënschden!

Offre pédagogique

28.01.2020 - 28.01.2020
publié par yasmine schonkert
visible au public


Haut stoungen Panescher maachen um Programm. D'Kanner haten d'Méiglechkeet sech déi verschidden Liewensmëttel déi mir dofir gebraucht hunn,vir d'éischt unzekucken. An engem Gespréich mat den Kanner hunn mer dunn getest an wei weit si des schonn kannt hunn oder villäicht nach net.
Dono hunn awer dunn ganz vill Kanner festgestallt dass se des schonn vun Doheem kennen. Doropshin gouf dunn Etappe vir Etappe mat den Kanner zesummen duerchgeholl - Eeër opmaachen an mam Miel, Mëllech, Botter an Waasser verréieren.
All Kand hat d'Méiglechkeet individuell un den Tour ze kommen an mat ze hëllefen. D'Kanner konnten et dono net erwaarden hiren Panesch z'iessen deen se selwer gehollef hunn maachen.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Yasmine Schonckert & Nadia Sandini
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Sech mat verschiddenen Liewensmëttel ausernaner setzen (Produiten gesinn déi een villäicht schonn kennt oder och nach net)

- Nolauschteren an säin Tour ofwaarden kennen

- D'Kanner an déi verschidden Aarbechtsgäng mat aweien & mat abezéien (Aarbechtsgäng testen)

- Dovunner profitéieren net vill Kanner ze hunn an méi individuell kennen ob se anzegoen

Nombre d'enfants 8
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie




first next last previous