FR DE

Suche

Typ:


Projekt dem das Angebot angehört:


Name des Raumes / des Ortes:


Handlungsfelder (Max.: 4):


Alter:


Stichworte:


Suchen

Journal de bord


Wat gehéiert mir?

Pädagogisches Angebot

15.10.2020 - 15.10.2020
veröffentlicht von yasmine schonkert
sichtbar für Gäste


Opgrond dovunner dass mer wärend der Feieralarm-Übung gemierkt hunn dass d'Kanner net wierklech wossten wei eng Schong oder Jackett hier wären, hunn mer ons iwwerluecht eng Aktivitéit ze maachen, wou d'Kanner nach eng Kéier sensibiliséiert ginn.

Vir d'éischt hunn mer alleguerten d'Stiwwelen an d'Schlappen vun den Kanner zesummen ob een Koup geheit an eng Decken driwwer geluecht. D'Stiwwelen oder d'Schlappen sinn een nom aneren erausgeholl ginn an gefrot ginn wiem seng et wären. No an no hunn d'Kanner sech gemellt an no kuerzer Zäit ass dëst och schonn ganz schnell gaangen.

Dono sollten d'Kanner dunn ganz schnell hier Schlappen undoen, se dono nees ausdoen an dann d'Stiwwelen an d'Jackett undoen. Bei der nächster Aufgab ass et drëms gaangen seng Bulli-Box ze erkennen an se sou schnell wei méiglech unzedoen. Wei mer domadder fäerdeg waren sinn d'Stiwwelen an d'Jackett nach eng Kéier zum Asaz komm. Dëst hunn mer dunn nach e puer mol hannerteneen ob Nofro vun den Kanner widderholl.

Des weideren hunn mer och d'Stiwwelen, d'Schong, d'Schlappen an d'Jacketten, vir just e puer Beispiller ze ginn, ob verschidden Sproochen opgezielt. Sou war och all Kand stolz dëst kennen an senger Mammesprooch ze maachen.

» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Yasmine Schonckert
Gruppenname Precoce
Alter 3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

- nach eng Kéier bewosst drop opmierksam maachen wei eng Kleedungsstécker wiem seng sinn an wei een se undeet, dëst ob eng spilleresch Aart an Weis

- all den Kanner (aus dem Gruppe C) nach eng Kéier d'Méiglechkeet ginn un deem Prozess drun deel ze huelen

- d'Kleedungsstécker ob verschidden Sproochen kenneléieren

Anzahl der Kinder 6
Handlungsfelder (Max.: 4) Plurilinguale Bildung
Inklusion




Natur entdecken!

Pädagogisches Angebot

13.10.2020 - 13.10.2020
veröffentlicht von yasmine schonkert
sichtbar für Gäste


Nodeems et eng länger Zäit net sou agreabel dobaussen war an et vill gereent huet, hunn mer dunn haut endlech profitéiert vir kennen eraus ze goen! Et war ons éischt kleng Sortie zesummen an den Bësch. Dofir hunn mir decidéiert direkt mat deenen 3 Gruppen ze goen, dëst mat deem néidegen Ofstand wéinst dem Covid-19. D'Kanner waren begeeschtert kennen eraus ze goen an hunn ganz vill Froen gestallt. Vir d'éischt sinn mir iwwert d'Strooss gaangen vir dunn an den Bësch ze kommen. Ukomm um Wee konnten d'Kanner sech dun frei beweegen, lafen, hopsen, sprangen, hirer Energie freien Laf loossen. Verschidden Kanner hunn och ugefaangen vun sech aus Naturmaterialien ze sammelen.

» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Yasmine Schonckert & Mia Leches & Tania Kreutz & Malou Schwarmes
Gruppenname Precoce
Alter 3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

- Vum Wieder profitéieren an sech kennen frei no Loscht an Laun beweegen, senger Energie freien Laf loossen

- Den Bësch mat verschidden Sënner entdecken an erkënnegen

- flott Momenter zesummen am Gruppe erliewen

- Motorik fuerderen

- Verkéiersreegelen erléieren

Anzahl der Kinder 18
Handlungsfelder (Max.: 4) Werteorientierung, Demokratie, Partizipation
Körperbewusstsein, Bewegung, Gesundheit




Pappendaag

Pädagogisches Angebot

29.09.2020 - 02.10.2020
veröffentlicht von yasmine schonkert
sichtbar für Gäste


Och dëst Joer hunn mir un ons Pappen geduecht! D'Kanner konnten d'Kaart vir hiren Papp selwer kreéieren; dobäi konnten si d'Faarf vun hirer Kaart an och déi vum Handofdrock eraussichen. Och d'Faarf vum Bauch konnten si selwer bestëmmen an dono ausschneiden.

Den Schlësselunhänger, a Form vun engem Männchen, hunn d'Kanner dunn selwer openeen gedréint.

Obwuel mir am Moment duerch déi sanitär Hygiène-Moossnamen vuneneen getrennt sinn an 3 Gruppen, huet all Gruppe dat selwecht gemaach.



» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) D'Equipe vun der Maison Relais
Gruppenname Precoce
Alter 3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

- Eiser Kreativitéit freien Laf loossen

- Vun der Atmosphäre vun engem klengen Gruppe profitéieren

- Eisem Papp en flotten Kaddo maachen

- All d'Kand d'Méiglechkeet ginn, egal wei oft et an der Maison Relais ass, och kennen en Pappendag-Cadeau ze maachen

Handlungsfelder (Max.: 4) Emotionen, soziale Beziehungen
Kreativität, Kunst, Kultur




Elterenowend

Zusammenarbeit mit den Eltern/Erziehungsberechtigten

24.09.2020 - 24.09.2020
veröffentlicht von Nadia Sandini
sichtbar für Gäste


Um Elterenowend, zesummen mam Léierpersonal, hunn mir den Fonctionnement vun eiser Maison Relais unhand vun enger Power Point Presentatioun erkläert. Mir hunn ausserdeem déi wichtegst Informatiounen zesummegepaakt wei d'Horairen, d'Absencen, d'Inscriptiounen an den Oflaf vun der Mëttesstonn, den Aktivitéiten an den Vakanzen, fir der just e puer ze ernimmen.
Well dëst Joer net alleguer d'Elteren däerften kommen (ëmmer nëmmen een Elterendeel) wéinst da aktueller Situatioun (Covid19) ass den Elterenowend och an zwee gedeelt ginn sou dat en eemol ob Franséisch war an eng Stonn drop ob Lëtzebuergesch. Ob des Manéier konnten awer vill Elteren um Owend deelhuelen. Fir dat och déi Elterendeeler an och Elteren déi net konnten um Elterenowend deel huelen alles verfollegen konnten gouf dëst Joer och eng Live Iwwerdroung vum Elterenowend gemaach.

Zum Schluss vun der Presentatioun sinn Elteren an dat jeeweilegt Klassenzëmmer vun hirem Kand gaangen wou se dann nach mat der Joffer an och jeeweils mat enger Educatrice vun da Maison Relais konnten schwätzen.

Dëst Joer war och duerch den Covid19 net all Educatrice vun da Maison Relais dobäi mee just jeweils eng pro Grupp.



» Weitere Informationen
Typ Zusammenarbeit mit den Eltern/Erziehungsberechtigten
Verantwortliche(r) Equipe vun da Maison Relais
Gruppenname Précoce
Alter 3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

- Oppen, transparent sinn no baussen

- Den Elteren méi no leen wat eng Maison Relais ass, wat mir maachen an wichteg Informatiounen matdeelen

- Mat den Elteren an d'Gespréich kommen an ob laang Sicht eng Relatioun mat hinnen opbauen

- Vertrauen schafen

Kooperationspartner Grundschule(n)
Eltern(teil)




Salzdeeg selwer hierstellen, formen an umolen

Pädagogisches Angebot

08.06.2020 - 12.06.2020
veröffentlicht von yasmine schonkert
sichtbar für Gäste


D'Kanner kruten alleguerten hier eegent Material vir hiren eegenen Salzdeeg kennen hierzestellen. Dat heescht  d’Kanner hunn Miel, Salz, Staerkt an Waasser gemëscht  bis dass et zu engem Deeg ginn ass. Direkt dono hunn d'Kanner dunn den Deeg kennen ausrullen an Formen sichen mat deenen se hiren Deeg ausstanzen wollten. Ganz bewosst hunn mer keng Liewensmëttelfaarf an den Deeg gemaach vir dass se dono hier Formen no hirer Virstellung konnten umolen. Des war eng gruppeniwwergreifend Aktivitéit, sou dass des an denen 3 Gruppen stattfonnt huet.



» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Yasmine Schonckert & Nadia Sandini & Nicole Baus
Gruppenname Precoce
Alter 3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

- Motorik fuerderen

- Spill an Spaass un der Saach

- Salzdeeg selwer hierstellen, formen an umolen

Anzahl der Kinder 10
Handlungsfelder (Max.: 4) Werteorientierung, Demokratie, Partizipation
Kreativität, Kunst, Kultur




Beweegungsspill

Pädagogisches Angebot

03.06.2020 - 03.06.2020
veröffentlicht von Nadia Sandini
sichtbar für Gäste


Ech wollt Beweegungsspill dobaussen maachen mee Wieder huet dëst net erlaabt, sou dat ech meng Aktivitéit an eisen Gang verluecht hunn.

Am Virfeld hunn ech Spill preparéiert an dunn hunn ech Kanner geruff an erklär wat ma maachen géingen.

Ech hunn Sträifen op den Buedem gepecht déi Féiss sollen duerstellen. Wan ech et dobaussen gemaach hätt hätt ech Féiss mat Kräid ob den Buedem gemoolt.

No da Erklärung hunn ech den Kanner den Parkour eng kéier selwer virgemaach.

Dunn hunn se sech an enger Rei opgestallt an een nom aner ass duerch den Parkour gespronge. En mol mat den zwee Féiss zesummen an och mol op engem Fouss.

 

 



» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Sandini Nadia
Gruppenname Precoce
Alter 3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

- Spaass un da Beweegung

- Koordinatioun fërderen

Handlungsfelder (Max.: 4) Werteorientierung, Demokratie, Partizipation
Körperbewusstsein, Bewegung, Gesundheit




Méi wei just Steng molen...

Pädagogisches Angebot

02.06.2020 - 02.06.2020
veröffentlicht von yasmine schonkert
sichtbar für Gäste


Bei dëser Aktivitéit ass et drëms gaangen dass d'Kanner hirer Fantasie freien Laf loossen konnten andeems si wäiss glat Steng sou konnten umolen, wei si wollten. Eng gutt 8 Faarwen stoungen hinnen zur Auswiel mat deenen si d'Steng bemolen konnten.

An der Zäit wou d'Kanner elo duerch den Covid-19 doheem waren, konnt een oft dobaussen gesinn dass Steng an enger Rei ob verschiddenen Platzen (zum Beispill am Bësch oder laanscht eng Strooss) geluecht gi sinn. Dëst ass symbolesch fir ze weisen, dat mir all zesummen sinn, och wann mir duerch d'Gruppen momentan oder souguer virdrunner wärend dem "Confinement" getrennt sinn oder waren. D'Iddi ass also dass déi aner 2 Gruppen elo och nach d'Méiglechkeet hunn hier Steng ze molen an déi dann bei déi aner ze leen.



» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Yasmine Schonckert
Gruppenname Precoce
Alter 3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

- kreativ sinn, senger Virstellungskraaft freien Laf loossen

- Gruppendynamik stäerken

- en symbolescht Zeechen setzen

Anzahl der Kinder 5
Handlungsfelder (Max.: 4) Emotionen, soziale Beziehungen
Kreativität, Kunst, Kultur




Nei Gesellschaftsspiller entdecken!

Pädagogisches Angebot

26.05.2020 - 26.05.2020
veröffentlicht von yasmine schonkert
sichtbar für Gäste


D'Kanner hunn sech immens gefreet kennen déi nei Spiller auszepaken an se och direkt ze testen. Net all d'Spiller waren hinnen bekannt, sou dass mer vir d'éischt zesummen d'Spillreegelen duerchgaangen sinn.

Well et Spiller waren wou d'Zifferen an d'Faarwen vun grousser Bedeitung waren, hunn mer dovunner profitéiert, vir des ob verschidden Sproochen ze widderhuelen.
D'Kanner haten sichtlech hiren Spaass dobäi an hunn sech iwwert hiren Erfolleg gefreet.

» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Yasmine Schonckert
Gruppenname Precoce
Alter 3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

- En flotten Mëtteg zesummen an engem klengen Gruppe verbréngen

- Nei Spiller kenneléieren

- Zifferen an Faarwen ob verschidden Sproochen schwätzen an héieren

Anzahl der Kinder 2
Handlungsfelder (Max.: 4) Emotionen, soziale Beziehungen
Plurilinguale Bildung




Geschichten

Pädagogisches Angebot

26.05.2020 - 26.05.2020
veröffentlicht von Nadia Sandini
sichtbar für Gäste


Ech hunn mech mat den Kanner dobaussen ob eng Decken gesat an hunn den Kanner eng 6 Bicher matbruecht. Hunn dunn den Kanner gesot dat mir Geschichten liesen géingen an dat si decidéieren missten wat fir eng se héieren wéilten. Dorops hin hunn ech hinnen Bicher all gewisen an och jeeweils den Titel virgelies. Eng Geschicht hunn Kanner allen zwee schonn kannt sou dat ma déi ewech geluecht hunn. Dunn konnt all Kand eng Geschicht raussichen an fir déi Drëtt hunn déi zwee missen averstane sinn.

Wei dat eicht Kand eng Geschicht ausgesicht hat hunn ech déi virgelies an da tëscht ëmmer Froen un Kanner gestallt fir dat si sproochlech aktiv mat dobäi waren. Kanner sutzen och sou dat se allen zwee zu all Moment an Buch gesinn hunn sou dat och Froen entstanen sinn iwwert Biller am Buch.

Wei déi eicht Geschicht fäerdeg war konnt dat zweet Kand seng Geschicht raussichen an dunn gouf déi virgelies an och do hunn ech Kanner rëm sproochlech aktiv mat agebonne.

Dono koum déi drëtt Geschicht wou déi zwee Kanner hunn missen averstanen sinn, an och déi war sou gestallt dat Kanner vill matschwätzen konnten.

 

 



» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Sandini Nadia
Gruppenname Precoce
Alter 3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

- Sproch fërderen

- Nolauschteren

- Een Choix treffen

- Gedold fërderen

Anzahl der Kinder 2
Handlungsfelder (Max.: 4) Werteorientierung, Demokratie, Partizipation
Sprache, Kommunikation, Medien




Mir ginn an den Bësch

Pädagogisches Angebot

26.05.2020 - 27.05.2020
veröffentlicht von yasmine schonkert
sichtbar für Gäste


Direkt wärend 2 Deeg sinn 2 verschidden Gruppen an den Bësch gaangen.

D'Kanner waren ganz begeeschtert wei mer se gefrot hunn ob se Loscht hätten vir an den Bësch ze goen. Am Bësch ukomm waren d'Kanner dunn frou frei kennen ze lafen an hunn direkt d'Initiativ ergraff net wëllen um normalen Wee ze goen mee queer duerch den Bësch. Se haten hiren Spaass deck Blos-Blummen ze sichen an se dono ze blosen.

An deem aneren Gruppe hunn d'Kanner Blummen vir hier Elteren gepléckt an waren ganz houfreg ob hiren Bouquet.



» Weitere Informationen
Typ Pädagogisches Angebot
Verantwortliche(r) Yasmine Schonckert & Nicole Baus
Gruppenname Precoce
Alter 3-4 Jahre
Ziele (siehe z.B. Rahmenplan)

- En flotten Mëtteg zesummen an engem klengen Gruppe verbréngen

- Vum gudden Wieder profitéieren an sech kennen frei no Loscht an Laun beweegen

- Den Bësch mat verschidden Sënner entdecken

Anzahl der Kinder 32
Handlungsfelder (Max.: 4) Emotionen, soziale Beziehungen
Körperbewusstsein, Bewegung, Gesundheit




first previous last previous