FR DE

Recherche

Type:


Projet dont l'offerte fait partie:


Nom de la salle / du lieu:


Champs d'action (max.: 4):


Âge:


Mots-clés:


Rechercher

Journal de bord


Den Elmar

Offre pédagogique

23.01.2020 - 23.01.2020
publié par Nadia Sandini
visible au public


Kanner un sech als eicht missen an den Rou Eck ob Matrass setzen goen. Dunn hunn ech mech dobäi gesat an hinnen gesot dat ma eng Geschicht géingen liesen an zwar Geschicht vum Elmar dem faarwegen Elefant. Ech hunn dunn Kanner gefrot ob schonn een Geschicht kennen géing. Dréi Kanner haten schonn vum Elmar héieren mee konnten ma awer net wierklech eppes derzou soen sou dat ech den Kanner dunn erkläert hunn dat den Elmar een Elefant wier deen anescht wier wei déi aner Elefanten well hien ganz faarweg wier.

Dunn hunn ech ugefaange Geschicht virzeliesen. Hunn den Kanner och no all Säit déi ech gelies hat Biller am Buch gewisen an dobäi froen gestallt wei: "laachen déi aner Elefanten den Elmar aus?" oder wei "sinn mir all selwecht?" an sou weider.

Wei ma mat da Geschicht fäerdeg waren an och eis Gespréichsronn dunn sot ech den Kanner si kéinten nach den Elmar molen wann se wéilten an hunn hinnen eng Molvirlag vum Elmar gewisen. Well Kanner hien molen wollten hunn ech se bei den Dësch geschéckt an jidderengem eng Molvirlag ginn an dunn konnten se hiren eegenen Elmar faarweg molen.

 

 



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

-Nolauschteren

-Faarwen leieren

-Üben gedëlleg ze sinn

Nombre d'enfants 9
Champs d'action (max.: 4) Valeurs, participation et démocratie
Langue, communication et médias




Mir bastelen een Schnéimann

Offre pédagogique

09.01.2020
publié par Nadia Sandini
visible au public


Ech hunn den Kanner Materialien déi ma gebraucht hunn all prett ob den Dësch geluecht. Dunn hunn ech Kanner bei den Dësch gebieden an hinnen erkläert dat mir een Schnéimann bastelen géingen. Dorop hin hunn ech den Kanner och gesot dat si alles eleng rausschneiden sollen an wann se net eens géingen gin em Hëllef froen sollten, an wann se alles rausgeschnidden hätten dann kéinten si dem Schnéimann seng Nues säin Hutt an och Watt fir Mutz ze verschéineren oppechen. Fir jidderengem säin Schnéimann e bëssi méi perséinlech ze gestallten konnten se tëscht verschiddenen Pabeieren entscheeden an och wei eng Aen e sollt kréien konnten Kanner selwer entscheeden.

Ech hunn den Kanner Meterialien déi ma gebraucht hunn all prett ob den Dësch geluercht. Dunn hunn ech Kanner bei den Dësch gebieden an hinnen erkläert dat mir een Schnéimann bastelen géingen. Dorop hin hunn ech Kanner och gesot dat si alles eleng rausschneiden sollen an wann se net eens géingen ginn em Hëllef froen sollten, an wann se alles rausgeschnidden hätten dann kéinten si dem Schnéimann seng Nues, säin Hutt an och Watt fir den Hutt ze verschéineren oppechen. Fir jidderengem säin Schnéimann e bëssi méi perséinlech ze gestallten konnten Kanner tëscht verschiddenen Pabeieren entscheeden an och wei eng Aen e sollt kréien konnten Kanner selwer entscheeden.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

-Mat da Scheier schneiden leieren an ëmgoen

-Selwer eppes Flottes maachen

-Kreativitéit fërderen

-Denken ureegen

- Mat da Scheier schneiden leieren an ëmgoen
- Selwer eppes Flottes maachen
- Kreativitéit fërderen
- Denken ureegen

 

 

Nombre d'enfants 10
Champs d'action (max.: 4) Valeurs, participation et démocratie
Créativité, art et esthétique




espace de construction

Espace / lieu

06.01.2020
publié par yasmine schonkert
visible au public


Am Bau-Eck hunn d'Kanner d'Méiglechkeet hirer Fantasie an Kreativitéit fräie Laf ze loossen. Dëst erméiglecht hinnen ënnert anerem hier Logik- an Denkfähegkeet ze erweideren. Am Bau-Eck fënnt een virun allem ganz verschiddent an net predefinéiert Material wei Lego-Bausteng, Kapla-Holzstécker an Magnéiter, vir just e puer Beispiller ze ginn.
Sou kennen si dëst Dag vir Dag an der Maison Relais ob en neits entweder individuell oder an der Gruppe erfuerschen.

Wei een kann gesinn ass et geduecht vir dass d'Kanner mam Material um Buedem spillen, wou och déi eng oder aner Sëtzméiglechkeet zu Verfügung steet.



» Détails
Type Espace / lieu
Responsable(s) D'Equipe vun der Maison Relais




espace jeu d'imitation

Espace / lieu

06.01.2020
publié par yasmine schonkert
visible au public


Ganz hannen an eisem groussen Sall ass virgesinn dass d'Kanner an déi verschiddensten Rollen schlüpfen kennen. Sou stinn zum Beispill Verkleet-Saachen mat verschiddenen Accessoiren do wei Portmonni'en, Schmock, Brëller, Hitt an nach villes méi. D'Kanner hunn et immens gären sech ze verkleeden an hirer Fantasie kennen nozegoen. Dëst erméiglecht den Kanner an déi verschiddenst méiglech Rollen ze schlüpfen wei zum Beispill en Deier oder eng Prinzessin ze sinn. Sie kennen also selwer entscheeden ob si eng reell Roll unhuelen oder mol léiwer eng Fantasiefigur ginn.

Och en Coiffer-Eck gëtt et bei ons wou d'Kanner kennen maachen wei wann se grad beim Coiffer wären mat richtegen mee eidelen Produit-Fläschen. Dëst imitéieren vun Rollen erméiglech den Kanner hiert Denk-Verméigen unzereegen mee sech och kennen mat Alldagssituatiounen auserneen ze setzen. Ausserdeem steet och eng Kichen an en Verkafsstand mat spezifeschem Kichen- an Iess-Material, engem Haischen an engem Poppen-Eck an dësem Beräich zur Verfügung. Sou kennen si jeeweils verschidden Rollen an dësem Eck unhuelen an sech frei entfalen.



» Détails
Type Espace / lieu
Responsable(s) D'Equipe vun der Maison Relais




espace jeu de rôle

Espace / lieu

06.01.2020
publié par yasmine schonkert
visible au public


Ganz hannen an eisem groussen Sall ass virgesinn dass d'Kanner an déi verschiddensten Rollen schlüpfen kennen. Sou stinn zum Beispill Verkleet-Saachen mat verschiddenen Accessoiren do wei Portmonni'en, Schmock, Brëller, Hitt an nach villes méi. D'Kanner hunn et immens gären sech ze verkleeden an hirer Fantasie kennen nozegoen. Dëst erméiglecht den Kanner an déi verschiddenst méiglech Rollen ze schlüpfen wei zum Beispill en Deier oder eng Prinzessin ze sinn. Sie kennen also selwer entscheeden ob si eng reell Roll unhuelen oder mol léiwer eng Fantasiefigur ginn.

Och en Coiffer-Eck gëtt et bei ons wou d'Kanner kennen maachen wei wann se grad beim Coiffer wären mat richtegen mee eidelen Produit-Fläschen. Dëst imitéieren vun Rollen erméiglech den Kanner hiert Denk-Verméigen unzereegen mee sech och kennen mat Alldagssituatiounen auserneen ze setzen. Ausserdeem steet och eng Kichen an en Verkafsstand mat spezifeschem Kichen- an Iess-Material, engem Haischen an engem Poppen-Eck an dësem Beräich zur Verfügung. Sou kennen si jeeweils verschidden Rollen an dësem Eck unhuelen an sech frei entfalen.

» Détails
Type Espace / lieu
Responsable(s) D'Equipe vun der Maison Relais




espace creatif

Espace / lieu

06.01.2020
publié par yasmine schonkert
visible au public


Natierlech gëtt et bei ons an der Maison Relais och en Eck wou d'Kanner sech kreativ entfalen kennen.
Hei hunn si eng Panneau Pli vun Méiglechkeeten dëst ze maachen. Sie kennen entscheeden ob se molen wëllen, dëst entweeder an hirem eegent Molbuch oder och heiansdo ob Wonsch ob wäissen Pabeier ouni Virlag.
All Kand verfüügt iwwert säin eegent Molbuch wat jee no Joreszäit erneiert gëtt.

4 kleng wäiss Tafelen bidden och d'Méiglechkeet hirer Kreativitéit freien laf ze loossen. D'Kanner hunn awer och do d'Méiglechkeet eppes ze bastelen, ze picken, Stempelen ze maachen oder ganz einfach Stickeren op ze pechen. Sou kennen si sech mat allerhand Materialien ob eng spilleresch Aart an Weis ausernaner setzen. Mee net nëmmen dat; esou gi och hier motoresch Fäegkeeten erweidert, et fannen kognitiv Bildungsprozesser statt an hier visuell an taktil Perceptioun gëtt doduerch ënnerstëtzt.



» Détails
Type Espace / lieu
Responsable(s) D'Equipe vun der Maison Relais




espace de restauration

Espace / lieu

06.01.2020
publié par yasmine schonkert
visible au public


Eis Maison Relais verfüügt iwwert eng grouss Kichen mat Dëscher a Still. Et gëtt jeeweils en Beräich deen nëmmen geduecht ass vir z'iessen an och en Beräich wou d'Kanner nom Iessen kennen notzen vir zum Beispill Puzzelen oder Gesellschaftsspiller ze maachen. D'Gréisst vun den Dëscher an de Still ass jeeweils op d'Kanner ofgestëmmt. Sie kennen an der Mëttesstonn decidéieren ob se vir d'éischt Iessen oder Spillen goen wëllen.
Den Choix vum Kand steet hei un éischter Stell. Et sollten awer ni méi wei 15 Kanner zesummen iessen goen. Soubal en Kand fäerdeg ass mat Iessen, kann dëst ofraumen an spillen goen. Déi Persoun déi vir d'Koordinatioun zoustänneg ass, geet reegelméisseg an den Spill-Sall froen, ob schonn Kanner do sinn déi als nächst Iessen goen wëllen wann Platze frei gi sinn am Restaurant.

D'Kanner kréien vun allem op den Teller, sief et vir d'Entrée oder den Haaptplat an ginn invitéiert ze schmaachen. Sou feiere mir d'Kanner un déi verschidden Liewensmëttelen erun. D'Kanner sollen Gebrauch vun hirem Besteck maachen a selbstänneg iessen, verschidden Goûten a Geschmaachsrichtungen kenneléieren an hiren Tour ofwaarden kennen. Eis ass et och wichteg dass d'Kanner sech verbal kennen matdeelen an ons soen wat hinnen feelt oder wat si eventuell brauchen.
Mir benotzen d'Kichen awer och vir pedagogesch Zwecker, wei zum Beispill vir Kach an Bak-Aktivitéiten mat den Kanner ze maachen.



» Détails
Type Espace / lieu
Responsable(s) D'Equipe vun der Maison Relais




Chrëschtkichelcher baken

Offre pédagogique

12.12.2019 - 19.12.2019
publié par Nadia Sandini
visible au public


Als eicht hunn mir den Kanner erkläert wat mir maachen géingen an sinn dunn mat hinnen zesummen Hänn gutt wäschen gaangen. Dono hunn mir eis all zesummen un een groussen Dësch gesat. Ech hunn hinnen den Dësch licht mat Miel bedeckt fir dat den Deeg net fest pecht.

Dunn krut all Kand een Stéck Deeg an eng Rull an si konnten den Deeg ausrullen, mir hunn dobäi opgepasst dat si den Deeg net ze dënn oder ze deck ausrullen an hunn hinnen gehollef wann et néideg war. Wei den Deeg ausgerullt war, konnten Kanner mat verschiddenen Ausstiechformen Kichelcher ausstiechen an mir hunn déi dann ob den Bakblech geluecht.

Déi zweete kéier hunn Kanner all e bëssi Deeg krit an hunn doraus als eicht eng Strull missen formen. Dono hunn si mat engem Messer Stecker vun da Strull erofgeschnidden an doraus kleng Bullen geformt. Mir hunn Bullen dann rëm sou séier wei Kanner domat fäerdeg waren ob den Bakblech geluecht.

An fir drëtt krut all Kand e bëssi Deeg wou se dann kleng Stecker dovun erofgeschnidden hunn an déi hunn se dunn als eicht zu enger klenger Strull missen dréinen an dono een "Croissant" also een Kipferl draus formen. Déi hunn mir dann och erëm ob den Bakblech geluecht.

 



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia, Herber Martine, Schonckert Yasmine
Nom du groupe Precoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

-Chrëschtkichelcher selwer hierstellen

-Gemeinsam eppes Gutts maachen

-Aus Deeg eppes formen (Bullen & Kipferl)

-Ausstiechen

 

Nombre d'enfants 13
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie
Inclusion




Kleeserchersdag an der Maison Relais

Offre pédagogique

06.12.2019 - 06.12.2019
publié par yasmine schonkert
visible au public


Endlech war et esou weit! Zemools déi méi kleng Kanner aus der Maison Relais hunn schonns laang op dësen Dag gewaart! Et ass Kleeserchersdag! Wei och an den Vakanzen war d'Precoce mat der Spillschoul zesummen zu Kielen. Moies hunn mer e puer Kleesercherslidder zesummen geüübt vir mëttes wann den groussen Moment ass, prett ze sinn. Nom Mëttegiessen hunn mer dunn nach déi Rescht Preparatiounen gemaach vir dann prett um 15h den Kleeschen bei ons ze begréissen. Den Cycle 2 an den Cycle 3&4 sinn och bei ons komm. Nodeems dunn vir den Kleeschen gesongen ginn ass, hunn d'Kanner voller Freed kennen hier Kaddoen opmaachen.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Yasmine Schonckert
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Kleeserchersdag an enger flotter Atmosphäre mateneen verbréngen

Partenaire(s) de coopération Autres
Autres partenaires Cycle 1-4
Nombre d'enfants 7
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Valeurs, participation et démocratie




Mir bastelen flott Chrëschtdekoratioun

Offre pédagogique

05.12.2019 - 05.12.2019
publié par yasmine schonkert
visible au public


Wei den Cycle 3&4 den 21.11 bei ons op Besuch war, hunn mir schonn ugefaangen d'Chrëschtdekoratioun ze modeléieren an auszestiechen. Doropshin hunn mir des Virlagen dunn genotzt vir se flott ze dekoréieren an se méi spéit op eisen Beemchen ze hänken. All Kand konnt e puer Figuren umolen an sech d'Faarf selwer eraussichen. Wei dunn d'Dekoratioun bis endlech dreschen war, waren d'Kanner ganz houfreg kennen hier gemoolten Figure op den Beemchen ze hänken.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Yasmine Schonckert
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Eppes Passendes zur Joreszäit bastelen

- No Loscht an Laun kennen molen, dekoréieren

- En flotten Moment an engem méi klengen Gruppe erliewen

Nombre d'enfants 9
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Créativité, art et esthétique




first next last previous