Maison Relais Précoce Olm| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Yasmine Schonckert |
| Nom du groupe | Precoce |
| Âge | 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | - nach eng Kéier bewosst drop opmierksam maachen wei eng Kleedungsstécker wiem seng sinn an wei een se undeet, dëst ob eng spilleresch Aart an Weis - all den Kanner (aus dem Gruppe C) nach eng Kéier d'Méiglechkeet ginn un deem Prozess drun deel ze huelen - d'Kleedungsstécker ob verschidden Sproochen kenneléieren |
| Nombre d'enfants | 6 |
| Champs d'action (max.: 4) | Education plurilingue Inclusion |
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Yasmine Schonckert & Mia Leches & Tania Kreutz & Malou Schwarmes |
| Nom du groupe | Precoce |
| Âge | 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | - Vum Wieder profitéieren an sech kennen frei no Loscht an Laun beweegen, senger Energie freien Laf loossen |
| Nombre d'enfants | 18 |
| Champs d'action (max.: 4) | Valeurs, participation et démocratie Mouvement, conscience corporelle et santé |
Och dëst Joer hunn mir un ons Pappen geduecht! D'Kanner konnten d'Kaart vir hiren Papp selwer kreéieren; dobäi konnten si d'Faarf vun hirer Kaart an och déi vum Handofdrock eraussichen. Och d'Faarf vum Bauch konnten si selwer bestëmmen an dono ausschneiden.
Den Schlësselunhänger, a Form vun engem Männchen, hunn d'Kanner dunn selwer openeen gedréint.
Obwuel mir am Moment duerch déi sanitär Hygiène-Moossnamen vuneneen getrennt sinn an 3 Gruppen, huet all Gruppe dat selwecht gemaach.
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | D'Equipe vun der Maison Relais |
| Nom du groupe | Precoce |
| Âge | 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | - Eiser Kreativitéit freien Laf loossen - Vun der Atmosphäre vun engem klengen Gruppe profitéieren - Eisem Papp en flotten Kaddo maachen |
| Champs d'action (max.: 4) | Émotions et relations sociales Créativité, art et esthétique |
Um Elterenowend, zesummen mam Léierpersonal, hunn mir den Fonctionnement vun eiser Maison Relais unhand vun enger Power Point Presentatioun erkläert. Mir hunn ausserdeem déi wichtegst Informatiounen zesummegepaakt wei d'Horairen, d'Absencen, d'Inscriptiounen an den Oflaf vun der Mëttesstonn, den Aktivitéiten an den Vakanzen, fir der just e puer ze ernimmen.
Well dëst Joer net alleguer d'Elteren däerften kommen (ëmmer nëmmen een Elterendeel) wéinst da aktueller Situatioun (Covid19) ass den Elterenowend och an zwee gedeelt ginn sou dat en eemol ob Franséisch war an eng Stonn drop ob Lëtzebuergesch. Ob des Manéier konnten awer vill Elteren um Owend deelhuelen. Fir dat och déi Elterendeeler an och Elteren déi net konnten um Elterenowend deel huelen alles verfollegen konnten gouf dëst Joer och eng Live Iwwerdroung vum Elterenowend gemaach.
Zum Schluss vun der Presentatioun sinn Elteren an dat jeeweilegt Klassenzëmmer vun hirem Kand gaangen wou se dann nach mat der Joffer an och jeeweils mat enger Educatrice vun da Maison Relais konnten schwätzen.
Dëst Joer war och duerch den Covid19 net all Educatrice vun da Maison Relais dobäi mee just jeweils eng pro Grupp.
| Type | Partenariat avec les parents / tuteurs |
| Responsable(s) | Equipe vun da Maison Relais |
| Nom du groupe | Précoce |
| Âge | 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | - Oppen, transparent sinn no baussen - Den Elteren méi no leen wat eng Maison Relais ass, wat mir maachen an wichteg Informatiounen matdeelen - Mat den Elteren an d'Gespréich kommen an ob laang Sicht eng Relatioun mat hinnen opbauen - Vertrauen schafen |
| Partenaire(s) de coopération | Ecole(s) fondamentale(s) Parent(s) |
D'Kanner kruten alleguerten hier eegent Material vir hiren eegenen Salzdeeg kennen hierzestellen. Dat heescht d’Kanner hunn Miel, Salz, Staerkt an Waasser gemëscht bis dass et zu engem Deeg ginn ass. Direkt dono hunn d'Kanner dunn den Deeg kennen ausrullen an Formen sichen mat deenen se hiren Deeg ausstanzen wollten. Ganz bewosst hunn mer keng Liewensmëttelfaarf an den Deeg gemaach vir dass se dono hier Formen no hirer Virstellung konnten umolen. Des war eng gruppeniwwergreifend Aktivitéit, sou dass des an denen 3 Gruppen stattfonnt huet.
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Yasmine Schonckert & Nadia Sandini & Nicole Baus |
| Nom du groupe | Precoce |
| Âge | 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | - Motorik fuerderen - Spill an Spaass un der Saach - Salzdeeg selwer hierstellen, formen an umolen |
| Nombre d'enfants | 10 |
| Champs d'action (max.: 4) | Valeurs, participation et démocratie Créativité, art et esthétique |
Ech wollt Beweegungsspill dobaussen maachen mee Wieder huet dëst net erlaabt, sou dat ech meng Aktivitéit an eisen Gang verluecht hunn.
Am Virfeld hunn ech Spill preparéiert an dunn hunn ech Kanner geruff an erklär wat ma maachen géingen.
Ech hunn Sträifen op den Buedem gepecht déi Féiss sollen duerstellen. Wan ech et dobaussen gemaach hätt hätt ech Féiss mat Kräid ob den Buedem gemoolt.
No da Erklärung hunn ech den Kanner den Parkour eng kéier selwer virgemaach.
Dunn hunn se sech an enger Rei opgestallt an een nom aner ass duerch den Parkour gespronge. En mol mat den zwee Féiss zesummen an och mol op engem Fouss.
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Sandini Nadia |
| Nom du groupe | Precoce |
| Âge | 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | - Spaass un da Beweegung - Koordinatioun fërderen |
| Champs d'action (max.: 4) | Valeurs, participation et démocratie Mouvement, conscience corporelle et santé |
Bei dëser Aktivitéit ass et drëms gaangen dass d'Kanner hirer Fantasie freien Laf loossen konnten andeems si wäiss glat Steng sou konnten umolen, wei si wollten. Eng gutt 8 Faarwen stoungen hinnen zur Auswiel mat deenen si d'Steng bemolen konnten.
An der Zäit wou d'Kanner elo duerch den Covid-19 doheem waren, konnt een oft dobaussen gesinn dass Steng an enger Rei ob verschiddenen Platzen (zum Beispill am Bësch oder laanscht eng Strooss) geluecht gi sinn. Dëst ass symbolesch fir ze weisen, dat mir all zesummen sinn, och wann mir duerch d'Gruppen momentan oder souguer virdrunner wärend dem "Confinement" getrennt sinn oder waren. D'Iddi ass also dass déi aner 2 Gruppen elo och nach d'Méiglechkeet hunn hier Steng ze molen an déi dann bei déi aner ze leen.
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Yasmine Schonckert |
| Nom du groupe | Precoce |
| Âge | 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | - kreativ sinn, senger Virstellungskraaft freien Laf loossen - Gruppendynamik stäerken - en symbolescht Zeechen setzen |
| Nombre d'enfants | 5 |
| Champs d'action (max.: 4) | Émotions et relations sociales Créativité, art et esthétique |
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Yasmine Schonckert |
| Nom du groupe | Precoce |
| Âge | 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | - En flotten Mëtteg zesummen an engem klengen Gruppe verbréngen - Nei Spiller kenneléieren - Zifferen an Faarwen ob verschidden Sproochen schwätzen an héieren |
| Nombre d'enfants | 2 |
| Champs d'action (max.: 4) | Émotions et relations sociales Education plurilingue |
Ech hunn mech mat den Kanner dobaussen ob eng Decken gesat an hunn den Kanner eng 6 Bicher matbruecht. Hunn dunn den Kanner gesot dat mir Geschichten liesen géingen an dat si decidéieren missten wat fir eng se héieren wéilten. Dorops hin hunn ech hinnen Bicher all gewisen an och jeeweils den Titel virgelies. Eng Geschicht hunn Kanner allen zwee schonn kannt sou dat ma déi ewech geluecht hunn. Dunn konnt all Kand eng Geschicht raussichen an fir déi Drëtt hunn déi zwee missen averstane sinn.
Wei dat eicht Kand eng Geschicht ausgesicht hat hunn ech déi virgelies an da tëscht ëmmer Froen un Kanner gestallt fir dat si sproochlech aktiv mat dobäi waren. Kanner sutzen och sou dat se allen zwee zu all Moment an Buch gesinn hunn sou dat och Froen entstanen sinn iwwert Biller am Buch.
Wei déi eicht Geschicht fäerdeg war konnt dat zweet Kand seng Geschicht raussichen an dunn gouf déi virgelies an och do hunn ech Kanner rëm sproochlech aktiv mat agebonne.
Dono koum déi drëtt Geschicht wou déi zwee Kanner hunn missen averstanen sinn, an och déi war sou gestallt dat Kanner vill matschwätzen konnten.
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Sandini Nadia |
| Nom du groupe | Precoce |
| Âge | 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | - Sproch fërderen - Nolauschteren - Een Choix treffen - Gedold fërderen |
| Nombre d'enfants | 2 |
| Champs d'action (max.: 4) | Valeurs, participation et démocratie Langue, communication et médias |
Direkt wärend 2 Deeg sinn 2 verschidden Gruppen an den Bësch gaangen.
D'Kanner waren ganz begeeschtert wei mer se gefrot hunn ob se Loscht hätten vir an den Bësch ze goen. Am Bësch ukomm waren d'Kanner dunn frou frei kennen ze lafen an hunn direkt d'Initiativ ergraff net wëllen um normalen Wee ze goen mee queer duerch den Bësch. Se haten hiren Spaass deck Blos-Blummen ze sichen an se dono ze blosen.
An deem aneren Gruppe hunn d'Kanner Blummen vir hier Elteren gepléckt an waren ganz houfreg ob hiren Bouquet.
| Type | Offre pédagogique |
| Responsable(s) | Yasmine Schonckert & Nicole Baus |
| Nom du groupe | Precoce |
| Âge | 3-4 ans |
| Objectifs (voir p.ex. cadre de référence) | - En flotten Mëtteg zesummen an engem klengen Gruppe verbréngen - Vum gudden Wieder profitéieren an sech kennen frei no Loscht an Laun beweegen - Den Bësch mat verschidden Sënner entdecken |
| Nombre d'enfants | 32 |
| Champs d'action (max.: 4) | Émotions et relations sociales Mouvement, conscience corporelle et santé |