Maison Relais Précoce OlmEch hunn als eicht den Kanner gesot dat ech hinnen eng Geschicht géing zielen iwwert Halloween also eng Geschicht doriwwer wat Halloween eigentlech ass. Dunn hunn ech Kanner gefrot wien dann nolauschteren wéilt an well Kanner alleguer Geschicht héieren wollten hunn ma eis dunn all beieneen gesat an ech hunn hinnen dunn Geschicht vum "Lilli & die Halloween Geister" gezielt. Kanner hunn och all zimlech gutt nogelauschtert an waren richteg drun interesséiert.
| Typ | Pädagogisches Angebot |
| Verantwortliche(r) | Sandini Nadia |
| Gruppenname | Prècoce & Spillschoul |
| Alter | 3-4 Jahre 4-6 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) |
Wat ass Halloween? Wou kennt dat hier? Firwat feieren mir Halloween? |
| Kooperationspartner | Andere |
| Andere Partner | Spillschoul |
| Anzahl der Kinder | 21 |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Emotionen, soziale Beziehungen Sprache, Kommunikation, Medien |
| Typ | Pädagogisches Angebot |
| Verantwortliche(r) | Yasmine Schonckert |
| Gruppenname | Précoce |
| Alter | 3-4 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) |
- dobaussen sinn an sech kennen beweegen - vum gudden Wieder profitéieren, Sonnestralen tanken - den Bësch erkënnegen - flott Momenter zesummen am Gruppe erliewen |
| Anzahl der Kinder | 11 |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Emotionen, soziale Beziehungen Körperbewusstsein, Bewegung, Gesundheit |
Als eicht hunn ech den Kanner erkläert wat ech mat hinne maachen wéilt an dunn konnten Kanner decidéieren ob se wéilten mat maachen oder net.
Wei déi 7 Kanner déi mat maachen wollten sech ronderëm den Dësch gesat haten sot ech hinne dat et nach een Moment daueren géing well ech misst als eicht alles preparéieren. Eng Ennerlaach ob den Dësch, déi preparéiert Pabeierstelleren (Igel) prett geluecht an Faarwen prett gemaach.
Ech hunn e puer Faarwen geholl, lauter Hierschtfaarwen, also Giel, Orange, Rout, Gréng an Brong. Dunn hunn ech den Kanner erkläert dat dat Hierschtfaarwen sinn an Blieder vun den Beem sech och an déi Faarwen verfierwen. Mir hunn dunn och festgestallt dat Igelen normalerweis brong sinn mee mir géingen eis Igelen passend zum Hierscht dann och e bëssi méi faarweg gestallten.
Kanner konnten dunn awer selwer decidéieren wat fir Faarwen si benotze wéilten an do huet een och ganz séier Preferenzen vun deem een oder aneren gesinn. Een Kand huet säin Igel bal ganz Brong gemaach een anert huet säin ganz Gréng gemaach an déi aner hunn en méi oder wéineger faarweg gemaach sou dat keen Igel deem aner gläicht.
Een Kand hat esou vill Freed un dëser Aktivitéit dat en direkt zwee Igelen gemaach huet. En huet déi zwee och ganz verschidden gemoolt.
Nodeems Kanner all fäerdeg waren an si hier Hänn wäschen waren sot ech hinnen dat elo Faarf nach e bëssi dréchnen misst an ech den Igelen dann just nach een Aen obpeschen géing an se dann ophänken géing.
| Typ | Pädagogisches Angebot |
| Verantwortliche(r) | Sandini Nadia |
| Gruppenname | Précoce |
| Alter | 3-4 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) |
Dekoratioun fir eis Maison Relais fir den Hierscht Kreativ gestallten kennen Hierschtfaarwen kenneléieren |
| Anzahl der Kinder | 7 |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Emotionen, soziale Beziehungen Kreativität, Kunst, Kultur |
Dat Haischen wat soss ëmmer an der Spillschoul war krut en neien Grondstréch an sou konnten mir ons bei dëser Aktivitéit ameséieren dëst ganz nei ze dekoréieren. Mir hunn d'Material erausgeluecht, wei d'Faarwen an d'Schwämm. Sou konnten si decidéieren wei een Schwamp se huelen, also wéi eng Form deen soll hunn an wéi eng Faarf soll drop kommen. No Loscht an Laun hunn d'Kanner sech hell Faarwen eraus gesicht mat deenen si d'Haischen bemolen wollten. No der Faarf ass dunn d'Platz eraus gesicht ginn wou sollt gemoolt ginn an lass ass et gaangen!
Eng ganz flott Aktivitéit!
| Typ | Pädagogisches Angebot |
| Verantwortliche(r) | Martine Herber |
| Gruppenname | Précoce |
| Alter | 3-4 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) |
- Och am méi klengen Alter kennen aktiv un der Raumgestaltung Deel huelen - Eisen Sall verschéineren - Selwer kennen decidéieren |
| Anzahl der Kinder | 10 |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Werteorientierung, Demokratie, Partizipation Kreativität, Kunst, Kultur |
Bei deenen 2 Experimenter ass et virun allem och drëms gaangen d'Faarwen kennen vuneneen ze ënnerscheeden, se kennen ze sortéieren an se dono och ob verschidden Sproochen kennen ze ernimmen.
Bei deem éischten Experiment haten mer 5 Becheren do stoen mat waarmem Waasser dran. An 4 Becheren hunn d'Kanner dunn selwer Liewensmëttelfaarf dran geschott (Rout, Giel, Blo an Gréng - des hunn mer dunn selwer gemaach andeems mer déi giel Faarf mat der bloer gemëscht hunn). An deen leschten Becher gouf keng Liewensmëttelfaarf dobäi gemaach.
Nodeems d'Faarwen all an den Becheren waren, hunn mer laangen Pabeier geholl an deen direkt e puer mol gediebelt. All Enn vum Pabeier ass an 2 verschidden Faarwen geluecht ginn. No ganz kuerzer Zäit huet een gesinn wei schnell den Pabeier sech mat der Faarf vollgesaugt hat. No enger Zäitchen hat sech dunn all Pabeier esou vollgesaugt dass een an der Mëtt vum Pabeier jeeweils déi 2 Faarwen konnt gesinn an deem den Pabeier dran louch. An domat net genuch! Souguer deen Pabeier deen am bloen Waasser louch huet d'Faarf an deen Becher transportéiert wou keng Faarf dran war.
Vir dat zweet Experiment haten mer 2 Telleren, en Krou mat waarmem Waasser an eng Packung Kamellen an eng Packung Smartis. Et ass drëms gaangen dass d'Kanner d'Smartisen an d'Kamellen ob 2 verschidden Telleren an en faarwegen Krees hunn missten ronderëm den Bord vum Teller leen. Nodeems dësen Krees fäerdeg war, ass dat waarmt Waasser dobäi geschott ginn bis dass d'Kamellen oder d'Smartisen bis an d'Halschent ënner Waasser louchen.
Bei den Smartisen ass d'Faarf nëmmen ganz lues erof gaangen. Dofir huet et do och leider net geklappt dass den Krees ganz zou gaangen ass mat deenen verschiddenen Faarwen.
Bei den Kamellen war dofir awer d'Resultat ëmsou besser! Ganz schnell huet sech d'Faarf vun den Kamellen geléist an ass ëmmer méi no an den Krees gelaf bis dësen ganz zou war.
Erfollegräicht Experiment!
| Typ | Pädagogisches Angebot |
| Verantwortliche(r) | Yasmine Schonckert |
| Gruppenname | Précoce |
| Alter | 3-4 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) |
- Déi verschidden Faarwen vuneneen ënnerscheeden kennen an se och an verschiddenen Sproochen kennen ernimmen (Op Lëtzebuergesch, Franséisch oder awer och an hirer Mammesprooch) - Ze gesinn wat een nach alles mat Faarf maachen kann - An d'Welt vun den Experimenter andauchen |
| Anzahl der Kinder | 8 |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Umwelt, Naturwissenschaften, Technik Plurilinguale Bildung |
Kanner hunn all gedëlleg drop gewaart dat ech fäerdeg ginn mam Plastilinn ausdeelen an hunn dunn och all eppes geholl fir den Plastilinn ze verschaffen. Als eicht hunn Kanner natierlech no deem Material wou se wollten gejaut mee wei ech dunn nach eng kéier erkläert hat dat jiddereen Material kritt an dat een just froen muss an e bëssi waarden dunn ass dat awer tipp top gaangen!
Kanner haten och direkt all eng Iddi wat se maachen wéilten an hunn direkt lass geluecht.
Déi eng hunn hier Bull mol als eicht platt gedréckt, déi aner hunn se mat da scheier zerschnidden oder mam Messer kleng Stecker erofgeschnidden.
Si hunn awer och all gutt opgepasst wat déi aner Kanner sou maachen an hunn och déi Iddien mat iwwerholl an ëmgesat bezéiungsweis em hëllef gefrot wann se et selwer net ëmgesat kruten; wei zum Beispill een Dännebam ausstiechen! Beim ausstiechen hunn déi mécht Kanner hëllef gebraucht.
Si hunn all Material wat hinnen zu Verfügung stoung gutt genotzt an och alles ausprobéiert.
Kanner hunn eng 30 Minutten gutt gespillt an wei dat eicht Kand sot dat et keng Loscht méi hätt dunn koum lues a lues eent nom aneren fir opzehalen, sou dat déi lescht Kanner 45 Minutten mam Plastilinn beschäftegt waren.
| Typ | Pädagogisches Angebot |
| Verantwortliche(r) | Sandini Nadia |
| Gruppenname | Précoce |
| Alter | 3-4 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) |
Ech hunn den Kanner den Atelier Plastilinn ugebueden fir dat si fräi gestalten kennen ganz no hiren Virstellungen. Dei 10 Kanner déi do waren, waren all begeeschtert fir matzemaachen. Ech hunn all Kand eng Bull Plastilinn ginn an hinnen gesot dat se Material (Ausstiechformen, Messeren, Scheier, etc) deelen mussen well net genuch do wier fir dat all Kand säin eegent hat. Ziel derhannert war Zesummenaarbecht an och Gedold ze fërderen.
|
| Anzahl der Kinder | 10 |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Emotionen, soziale Beziehungen Kreativität, Kunst, Kultur |
| Typ | Pädagogisches Angebot |
| Verantwortliche(r) | Nadia Sandini & Yasmine Schonckert |
| Gruppenname | Précoce |
| Alter | 3-4 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) |
- Vill verschidden an flott Lidder kenneléieren - Lidder ob verschidden Sproochen kenneléieren - Wuertschatz erweideren - mateneen en flotten Moment erliewen - selwer kennen matentscheeden oder proposéieren wat gesongen gëtt |
| Anzahl der Kinder | 39 |
| Projekt dem das Angebot angehört | Le chant au quotidien |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Plurilinguale Bildung Inklusion |
No onser fläisseger Aarbecht vir Pappendag sinn mer all zesummen eraus gaangen. Mir hunn do zesummen Coursen gemaach, sinn gehopst an gesprongen, hunn ons ronderëm ons selwer gedréint an hunn verschidden Gläichgewiicht Übungen probéiert. An engem Krees hunn mir dono nach ob Wonsch vun den Kanner mam Ball gespillt. Jee mir hunn ons no Loscht an Laun beweegt an onser Energie freien laf gelooss.
| Typ | Pädagogisches Angebot |
| Verantwortliche(r) | Yasmine Schonckert |
| Gruppenname | Précoce |
| Alter | 3-4 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) | - Dobaussen Zäit verbréngen an sech zesummen beweegen - Säin Kierper Bewosstsinn ze stäerken - Méi individuell kennen ob d'Kanner anzegoen opgrond vun der niddreger Kannerzuel
|
| Anzahl der Kinder | 5 |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Emotionen, soziale Beziehungen Körperbewusstsein, Bewegung, Gesundheit |
Ech hunn Kanner gefrot ob se mat mir zesummen een grousst Haus wëllen bauen mam Lego. Well keen eppes dageint hat an och keng aner Iddi vun den Kanner koum hunn mir eis also all an den dofir virgesinnen Eck gesat an ugefaange ze preparéieren:
Buedem Placken dohin geluecht an ech hunn mat hëllef vun zwee Kanner Legosteng aus da Këscht gesicht fir ze bauen. An der Zäit hunn schonn zwee aner Kanner ugefaange mat bauen.
Zwee vun den Kanner haten dunn awer hier eegen Idee an hunn sech dat wat se vum Lego wollten (zwee Still an zwee Männercher) eraus geholl an nieft deenen aner Kanner hiert eegen spill mam Lego gespillt. Dei zwee hunn den Lego genotzt fir een Rollespill.
Just een Kand wollt net mat mann an wo sech als eicht anerwäerts beschäftegen koum awer no enger 10 Minutten zeréck an huet eis aner nogekuckt wollt awer weiderhin net mat maan.
Dei aner waren gutt beschäftegt mat bauen an Männercher an Haus oder ob Haus ze setzen an waren och 15 bis 20 Minutten gutt dabei mat spillen. Just een war richteg beschäftegt mam Lego an huet eng gutt 30 Minutten dermat gespillt.
| Typ | Pädagogisches Angebot |
| Verantwortliche(r) | Sandini Nadia |
| Gruppenname | Précoce |
| Alter | 3-4 Jahre |
| Ziele (siehe z.B. Rahmenplan) |
Well mir opgefall ass dat Kanner net mam Lego spillen wollt ech wëssen wourun dat leit. Ob se einfach keen Interessi drun hunn oder ob se net wëssen wat een domat mecht. Ziel dobei wo also fir den Kanner den Lego méi no ze bréngen, hiert Interessi drun ze fërderen an hinnen och ze weisen wat een mam Lego alles mann kann. |
| Anzahl der Kinder | 7 |
| Handlungsfelder (Max.: 4) | Sprache, Kommunikation, Medien Umwelt, Naturwissenschaften, Technik |

Eisen Roueck luet Kanner dozou an fir sech ze entspanen an zur Rou ze kommen. Dobäi kennen Kanner sech e Buch huelen fir ze kucken, een Petzi fir e bëssi ze kuschelen oder awer si kennen sech ganz zeréck zeien an raschten bezéiungsweis einfach e bëssi schlofen.
Eisen Roueck ass awer natierlech och gutt fir eng flott Geschicht vun der Erzéierin gezielt ze kréien oder fir zu puer een schéint Buch zesummen ze kucken.
| Typ | Raum / Ort |
| Verantwortliche(r) | D'Equipe vun der Maison Relais |