FR DE

Recherche

Type:


Projet dont l'offerte fait partie:


Nom de la salle / du lieu:


Champs d'action (max.: 4):


Âge:


Mots-clés:


Rechercher

Journal de bord


Eng flott Halloween Geschicht

Offre pédagogique

29.10.2019 - 29.10.2019
publié par Nadia Sandini
visible au public


Ech hunn als eicht den Kanner gesot dat ech hinnen eng Geschicht géing zielen iwwert Halloween also eng Geschicht doriwwer wat Halloween eigentlech ass. Dunn hunn ech Kanner gefrot wien dann nolauschteren wéilt an well Kanner alleguer Geschicht héieren wollten hunn ma eis dunn all beieneen gesat an ech hunn hinnen dunn Geschicht vum "Lilli & die Halloween Geister" gezielt. Kanner hunn och all zimlech gutt nogelauschtert an waren richteg drun interesséiert. 



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Prècoce & Spillschoul
Âge 3-4 ans
4-6 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

Wat ass Halloween?

Wou kennt dat hier?

Firwat feieren mir Halloween?

Partenaire(s) de coopération Autres
Autres partenaires Spillschoul
Nombre d'enfants 21
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Langue, communication et médias




Mir ginn an den Bësch

Offre pédagogique

24.10.2019 - 24.10.2019
publié par yasmine schonkert
visible au public


Déi éischt kleng Sortie stoung um Programm! Mir sinn vir d'éischt en Stéck duerch d'Duerf gaangen ei mer bei den Wee komm sinn deen an den Bësch gefouert huet. D'Kanner konnten frei ronderëm lafen an mir hunn zesummen den Bësch aktekundegt; wei eng verschidden Faarwen d'Blieder haten, wat esou ob engem Wee ze fannen war an virun allem wou en géing hiféieren. Queer duerch den Bësch sinn mir getrëppelt an hunn vill flott an interessant Saachen gesinn.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Yasmine Schonckert
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- dobaussen sinn an sech kennen beweegen

- vum gudden Wieder profitéieren, Sonnestralen tanken

- den Bësch erkënnegen

- flott Momenter zesummen am Gruppe erliewen

Nombre d'enfants 11
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Mouvement, conscience corporelle et santé




Igelen fir eis Hierschtdekoratioun

Offre pédagogique

22.10.2019 - 22.10.2019
publié par Nadia Sandini
visible au public


Als eicht hunn ech den Kanner erkläert wat ech mat hinne maachen wéilt an dunn konnten Kanner decidéieren ob se wéilten mat maachen oder net.

Wei déi 7 Kanner déi mat maachen wollten sech ronderëm den Dësch gesat haten sot ech hinne dat et nach een Moment daueren géing well ech misst als eicht alles preparéieren. Eng Ennerlaach ob den Dësch, déi preparéiert Pabeierstelleren (Igel) prett geluecht an Faarwen prett gemaach.

Ech hunn e puer Faarwen geholl, lauter Hierschtfaarwen, also Giel, Orange, Rout, Gréng an Brong. Dunn hunn ech den Kanner erkläert dat dat Hierschtfaarwen sinn an Blieder vun den Beem sech och an déi Faarwen verfierwen. Mir hunn dunn och festgestallt dat Igelen normalerweis brong sinn mee mir géingen eis Igelen passend zum Hierscht dann och e bëssi méi faarweg gestallten.

Kanner konnten dunn awer selwer decidéieren wat fir Faarwen si benotze wéilten an do huet een och ganz séier Preferenzen vun deem een oder aneren gesinn. Een Kand huet säin Igel bal ganz Brong gemaach een anert huet säin ganz Gréng gemaach an déi aner hunn en méi oder wéineger faarweg gemaach sou dat keen Igel deem aner gläicht.

Een Kand hat esou vill Freed un dëser Aktivitéit dat en direkt zwee Igelen gemaach huet. En huet déi zwee och ganz verschidden gemoolt.

Nodeems Kanner all fäerdeg waren an si hier Hänn wäschen waren sot ech hinnen dat elo Faarf nach e bëssi dréchnen misst an ech den Igelen dann just nach een Aen obpeschen géing an se dann ophänken géing.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

Dekoratioun fir eis Maison Relais fir den Hierscht

Kreativ gestallten kennen

Hierschtfaarwen kenneléieren

Material deelen

Nombre d'enfants 7
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Créativité, art et esthétique




Raumgestaltung Haischen

Offre pédagogique

17.10.2019 - 17.10.2019
publié par yasmine schonkert
visible au public


Dat Haischen wat soss ëmmer an der Spillschoul war krut en neien Grondstréch an sou konnten mir ons bei dëser Aktivitéit ameséieren dëst ganz nei ze dekoréieren. Mir hunn d'Material erausgeluecht, wei d'Faarwen an d'Schwämm. Sou konnten si decidéieren wei een Schwamp se huelen, also wéi eng Form deen soll hunn an wéi eng Faarf soll drop kommen. No Loscht an Laun hunn d'Kanner sech hell Faarwen eraus gesicht mat deenen si d'Haischen bemolen wollten. No der Faarf ass dunn d'Platz eraus gesicht ginn wou sollt gemoolt ginn an lass ass et gaangen!

Eng ganz flott Aktivitéit!



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Martine Herber
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Och am méi klengen Alter kennen aktiv un der Raumgestaltung Deel huelen

- Eisen Sall verschéineren

- Selwer kennen decidéieren

Nombre d'enfants 10
Champs d'action (max.: 4) Valeurs, participation et démocratie
Créativité, art et esthétique




Experimenter mat Faarwen

Offre pédagogique

10.10.2019 - 10.10.2019
publié par yasmine schonkert
visible au public


Bei deenen 2 Experimenter ass et virun allem och drëms gaangen d'Faarwen kennen vuneneen ze ënnerscheeden, se kennen ze sortéieren an se dono och ob verschidden Sproochen kennen ze ernimmen.

Bei deem éischten Experiment haten mer 5 Becheren do stoen mat waarmem Waasser dran. An 4 Becheren hunn d'Kanner dunn selwer Liewensmëttelfaarf dran geschott (Rout, Giel, Blo an Gréng - des hunn mer dunn selwer gemaach andeems mer déi giel Faarf mat der bloer gemëscht hunn). An deen leschten Becher gouf keng Liewensmëttelfaarf dobäi gemaach.

Nodeems d'Faarwen all an den Becheren waren, hunn mer laangen Pabeier geholl an deen direkt e puer mol gediebelt. All Enn vum Pabeier ass an 2 verschidden Faarwen geluecht ginn. No ganz kuerzer Zäit huet een gesinn wei schnell den Pabeier sech mat der Faarf vollgesaugt hat. No enger Zäitchen hat sech dunn all Pabeier esou vollgesaugt dass een an der Mëtt vum Pabeier jeeweils déi 2 Faarwen konnt gesinn an deem den Pabeier dran louch. An domat net genuch! Souguer deen Pabeier deen am bloen Waasser louch huet d'Faarf an deen Becher transportéiert wou keng Faarf dran war.

Vir dat zweet Experiment haten mer 2 Telleren, en Krou mat waarmem Waasser an eng Packung Kamellen an eng Packung Smartis. Et ass drëms gaangen dass d'Kanner d'Smartisen an d'Kamellen ob 2 verschidden Telleren an en faarwegen Krees hunn missten ronderëm den Bord vum Teller leen. Nodeems dësen Krees fäerdeg war, ass dat waarmt Waasser dobäi geschott ginn bis dass d'Kamellen oder d'Smartisen bis an d'Halschent ënner Waasser louchen.

Bei den Smartisen ass d'Faarf nëmmen ganz lues erof gaangen. Dofir huet et do och leider net geklappt dass den Krees ganz zou gaangen ass mat deenen verschiddenen Faarwen.

Bei den Kamellen war dofir awer d'Resultat ëmsou besser! Ganz schnell huet sech d'Faarf vun den Kamellen geléist an ass ëmmer méi no an den Krees gelaf bis dësen ganz zou war.

Erfollegräicht Experiment!



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Yasmine Schonckert
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Déi verschidden Faarwen vuneneen ënnerscheeden kennen an se och an verschiddenen Sproochen kennen ernimmen (Op Lëtzebuergesch, Franséisch oder awer och an hirer Mammesprooch)

- Ze gesinn wat een nach alles mat Faarf maachen kann

- An d'Welt vun den Experimenter andauchen

Nombre d'enfants 8
Champs d'action (max.: 4) Sciences et techniques
Education plurilingue




Atelier Plastilinn

Offre pédagogique

08.10.2019 - 08.10.2019
publié par Nadia Sandini
visible au public


Kanner hunn all gedëlleg drop gewaart dat ech fäerdeg ginn mam Plastilinn ausdeelen an hunn dunn och all eppes geholl fir den Plastilinn ze verschaffen. Als eicht hunn Kanner natierlech no deem Material wou se wollten gejaut mee wei ech dunn nach eng kéier erkläert hat dat jiddereen Material kritt an dat een just froen muss an e bëssi waarden dunn ass dat awer tipp top gaangen!

Kanner haten och direkt all eng Iddi wat se maachen wéilten an hunn direkt lass geluecht.

Déi eng hunn hier Bull mol als eicht platt gedréckt, déi aner hunn se mat da scheier zerschnidden oder mam Messer kleng Stecker erofgeschnidden.

Si hunn awer och all gutt opgepasst wat déi aner Kanner sou maachen an hunn och déi Iddien mat iwwerholl an ëmgesat bezéiungsweis em hëllef gefrot wann se et selwer net ëmgesat kruten; wei zum Beispill een Dännebam ausstiechen! Beim ausstiechen hunn déi mécht Kanner hëllef gebraucht.

Si hunn all Material wat hinnen zu Verfügung stoung gutt genotzt an och alles ausprobéiert.

Kanner hunn eng 30 Minutten gutt gespillt an wei dat eicht Kand sot dat et keng Loscht méi hätt dunn koum lues a lues eent nom aneren fir opzehalen, sou dat déi lescht Kanner 45 Minutten mam Plastilinn beschäftegt waren.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

Ech hunn den Kanner den Atelier Plastilinn ugebueden fir dat si fräi gestalten kennen ganz no hiren Virstellungen.

Dei 10 Kanner déi do waren, waren all begeeschtert fir matzemaachen.

Ech hunn all Kand eng Bull Plastilinn ginn an hinnen gesot dat se Material (Ausstiechformen, Messeren, Scheier, etc) deelen mussen well net genuch do wier fir dat all Kand säin eegent hat. Ziel derhannert war Zesummenaarbecht an och Gedold ze fërderen.

 

Nombre d'enfants 10
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Créativité, art et esthétique




Mir sangen, mir sangen, mir sangen

Offre pédagogique

07.10.2019 - 15.07.2020
publié par yasmine schonkert
visible au public


Quasi all Mëttesstonn, ei d'Kanner an d'Schoul ginn, sangen mir all zesummen. D'Kanner wëssen dat mëttlerweil schonn alleguerten ganz gutt an setzen sech roueg an gespaant ob den Teppech. Zesummen entscheeden mir wei eng Lidder mir Dag vir Dag sangen. Ganz vill verschidden Sproochen kommen do op, sou dass vir all Kand sécherlech eppes dobäi ass.
Do derniewent gëtt et awer och quasi zu all Lidd dat mer sangen Gesten déi d'Kanner och nomaachen an och schonn zimlech gutt beherrschen.

» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Nadia Sandini & Yasmine Schonckert
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Vill verschidden an flott Lidder kenneléieren

- Lidder ob verschidden Sproochen kenneléieren

- Wuertschatz erweideren

- mateneen en flotten Moment erliewen

- selwer kennen matentscheeden oder proposéieren wat gesongen gëtt

Nombre d'enfants 39
Projet dont l'offerte fait partie Le chant au quotidien
Champs d'action (max.: 4) Education plurilingue
Inclusion




Beweegungs Spiller

Offre pédagogique

03.10.2019 - 03.10.2019
publié par yasmine schonkert
visible au public


No onser fläisseger Aarbecht vir Pappendag sinn mer all zesummen eraus gaangen. Mir hunn do zesummen Coursen gemaach, sinn gehopst an gesprongen, hunn ons ronderëm ons selwer gedréint an hunn verschidden Gläichgewiicht Übungen probéiert. An engem Krees hunn mir dono nach ob Wonsch vun den Kanner mam Ball gespillt. Jee mir hunn ons no Loscht an Laun beweegt an onser Energie freien laf gelooss.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Yasmine Schonckert
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

- Dobaussen Zäit verbréngen an sech zesummen beweegen

- Säin Kierper Bewosstsinn ze stäerken

- Méi individuell kennen ob d'Kanner anzegoen opgrond vun der niddreger Kannerzuel

- Gruppendynamik fërderen

- Sou Aktivitéiten weiderhin reegelméisseg ubidden, och mam Ziel dass nach aner Kanner dovunner profitéieren kennen

 

Nombre d'enfants 5
Champs d'action (max.: 4) Émotions et relations sociales
Mouvement, conscience corporelle et santé




Mir bauen eppes Flottes mam Lego

Offre pédagogique

01.10.2019 - 01.10.2019
publié par Nadia Sandini
visible au public


Ech hunn Kanner gefrot ob se mat mir zesummen een grousst Haus wëllen bauen mam Lego. Well keen eppes dageint hat an och keng aner Iddi vun den Kanner koum hunn mir eis also all an den dofir virgesinnen Eck gesat an ugefaange ze preparéieren:

Buedem Placken dohin geluecht an ech hunn mat hëllef vun zwee Kanner Legosteng aus da Këscht gesicht fir ze bauen. An der Zäit hunn schonn zwee aner Kanner ugefaange mat bauen.

Zwee vun den Kanner haten dunn awer hier eegen Idee an hunn sech dat wat se vum Lego wollten (zwee Still an zwee Männercher) eraus geholl an nieft deenen aner Kanner hiert eegen spill mam Lego gespillt. Dei zwee hunn den Lego genotzt fir een Rollespill.

Just een Kand wollt net mat mann an wo sech als eicht anerwäerts beschäftegen koum awer no enger 10 Minutten zeréck an huet eis aner nogekuckt wollt awer weiderhin net mat maan.

Dei aner waren gutt beschäftegt mat bauen an Männercher an Haus oder ob Haus ze setzen an waren och 15 bis 20 Minutten gutt dabei mat spillen. Just een war richteg beschäftegt mam Lego an huet eng gutt 30 Minutten dermat gespillt.



» Détails
Type Offre pédagogique
Responsable(s) Sandini Nadia
Nom du groupe Précoce
Âge 3-4 ans
Objectifs (voir p.ex. cadre de référence)

Well mir opgefall ass dat Kanner net mam Lego spillen wollt ech wëssen wourun dat leit. Ob se einfach keen Interessi drun hunn oder ob se net wëssen wat een domat mecht. Ziel dobei wo also fir den Kanner den Lego méi no ze bréngen, hiert Interessi drun ze fërderen an hinnen och ze weisen wat een mam Lego alles mann kann.

Nombre d'enfants 7
Champs d'action (max.: 4) Langue, communication et médias
Sciences et techniques




Espace "détente " calme

Espace / lieu

26.09.2019
publié par yasmine schonkert
visible au public


Eisen Roueck luet Kanner dozou an fir sech ze entspanen an zur Rou ze kommen. Dobäi kennen Kanner sech e Buch huelen fir ze kucken, een Petzi fir e bëssi ze kuschelen oder awer si kennen sech ganz zeréck zeien an raschten bezéiungsweis einfach e bëssi schlofen.
Eisen Roueck ass awer natierlech och gutt fir eng flott Geschicht vun der Erzéierin gezielt ze kréien oder fir zu puer een schéint Buch zesummen ze kucken.



» Détails
Type Espace / lieu
Responsable(s) D'Equipe vun der Maison Relais




first next last previous